http://i71.servimg.com/u/f71/11/71/32/97/th/250px-10.png

Wëllkommen bei den " Lieserbréiwer ongeschminkt "

Den Luc Frieden handelt ewéi e kléngt Kand!
11 Nov 2008 - 20:42:15

[Commentaire zum Minister Frieden sengen Aussoen an der Reportage iwwert d'Police am RTL-Journal vum 24. September 2008]

Do leeft et engem dach kaal de Reck erof, wann een d’Reportage um RTL zu dem Police-Thema gesäit. Net awer wéinst RTL, nee wéinst der Aussoe vum Luc Frieden. Hien hätt kee Fehler gemaach. FALSCH! Falsch Häerr Frieden. Et ass *äeren* Numm deen ennert dem Gesetzestext steet an domatter hudd dir genee esou schlecht gehandelt ewéi déi 59 Députéiert, déi vir den Text gestemmt hunn. Dir hudd awer och keng Grimmel manner Schold un dem aktuell Problem.

Dir wollt mat dem ursprünglechen Gesetz äeren Draam vum KONTROLLSTAAT LËTZEBUERG wéider dreemen. Nodeems dir Kamera’en opgeriicht hudd an gleichzäiteg zouginn hudd, dass do net permant een déi Video giff kucken, hudd dir Irch schons läscherlech gemaach. Dass de Chef vu Scotland Yard elo schons 3 Mol (!!) a kuerzer Zäit behaapt huet, dass Kamera’en hinnen méi SCHUEDEN ewéi hellefen ass ewuel nach net an äerem Büro ukomm. Oder? Zum Glëck, zum Glëck gouft dir op dësem Dossier vun aaneren Partei’en gestoppt. Zum Glëck hunn sech d’DP an déi Gréng staark gemaach. Zum Glëck ginn et Léit déi hier Rechter gäeren behaalen. Zum Glëck ginn et Léit, déi esouer ewéi Iech, am Wee stinn. “Mir wäerten eis emmer begéinen“, haat d’Madame Flesch (DP) an der Chamber gesoot gehaat an huet ugekennegt, dass dann géing giff géint äeren “Big Brother Staat” gekämpft wäert ginn. Déi jonk Gréng hu net méi spéit ewéi d’läscht Woch mat der Aktioun “Luxembourg’s Next Top-Premier: Who Watches the Watchers” kloër gemaach, dass Dir et och no der Summerpaus net einfach wäert kréien.

Wann Dir et net fäerdeg bréngt fir e Gesetzestext zeschréiwen, deen keen Polizeistaat mat sech bréngt, dann hudd Dir ewuel besser äere Büro zeraumen. Dir hudd et net fäerdeg bruecht an elo gidd der déi Léit attackéieren, déi sech fir d’Fräiheet vun den lëtzebuergeschen Bierger asetzen. Domatter attackéiert Dir nach eng Kéier alleguerten d’lëtzebuerger Bierger.

Wann ech gliwwt Häerr Frieden fänkt emol un en Erwuessenen zeginn. Fänkt emol un Responsablitéit fir äer Handlungen z’iwwerhuelen. Fänkt emol un fir d’Lëtzebuerger eppes zemaachen. Fänkt emol un mat richteg rechnen, graad elo ewou de Budget opgestallt gett ass dat wahrscheinlech e gudden Tipp.

Wann een e Fehler gemaach huet an dann déi aaner dofir vernennt dat ass net Erwuessen an dat ass engem Politiker och net wüerdeg. Soot emol schéin no:
“Ech hun e Fehler gemaach. Ech hun e Fehler gemaach. Ech hun e Fehler gemaach.”

Wann Dir denkt, dass der op eng Spillschoulskand-Art a Wéis kennt d’Lëtzebuerger vun äerem Kontrollstaat iwwerzeegen, hudd Dir Irch awer méi ewéi nemmen geschnidden. Mir wäerten och wéider fir äis Fräiheet kämpfen, a mir wäerten secher, ganz secher WEDER bei Ierch NACH bei äerer Partei nächste Junie e Kräiz maachen. Dofir hu mir eis Fräiheet, déi mer geschenkt kritt hunn, déi eis Grousspäpp sech vrun eppes méi ewéi 60 Joër nach eng Kéier erkämpft hunn, vill zevill gäeren. An esouguer nach méi fir dat ze luewen, waat eis Grouspäpp gemaach hun, wäerte mir äeren Draam wéider staark refuséieren a bekämpfen.

Ewéi d´ Ethel Barrymore gesoot huet: “You grow up the day you have your first real laugh — at yourself.”
Momentan laache mir awer nemmen IWWERT Iech. Oder eigentlech ass et scho baal zetraureg, wëll Dir eise Minister sidd. Mir fänken scho baal un mat kräischen!

Also Häerr Luc Frieden, gidd endlech en Erwuessenen, ceci dit huelt VERANTWORTUNG wann eng Saach vun Iech schiif gaangen ass.
Merci!

Quelle : oppenenbreif.wordpress.com

Luxi · 1081 mal angesehen · 1 Kommentar
Kategorien: Politik

Permanenter Link zum ganzen Eintrag

http://luxi.blogieren.com/Letzebuerg-b1/Den-Luc-Frieden-handelt-ewei-e-klengt-Kand-b1-p15261.htm

Kommentare

Kommentar von: Cissonius [ Besucher ]
Also d'Land botzen wier besser wei Kamera'en :)
   28.12.08 @ 20:08:20

Einen Kommentar verfassen

Status der neuen Kommentare: Wartend





Ihre URL wird angezeigt.

 
Bitte geben Sie den Code ein, den Sie in den Bildern sehen


Kommentar

Optionen
   (Name, e-Mail und URL als Cookie speichern.)


  

Wer ist online?

Mitglied: 0
Besucher: 2

Letzte Kommentare

Basel, Monaco, Do bass De Protégéiert. ...

02.03.10 @ 23:37:23
von Fantomas


Bald wird sie jeder haben...

28.02.10 @ 16:59:10
von Miriam


Also gëtt aus der Gelle Fra ...

25.02.10 @ 20:26:14
von pier


Tcha, so ist das eben

23.02.10 @ 17:14:53
von Lichmännchen


Ich finde sowas ist einfach krass

20.02.10 @ 13:05:24
von Carolina


also eierlech gesoot bass de selwer ...

19.02.10 @ 14:21:08
von schuler


sou eng CD ass awer flott ...

12.02.10 @ 10:02:56
von pier


So eine CD hätte ich auch ...

11.02.10 @ 14:14:40
von Werner


Liewe Pier, Wousst Du dat net, hei ...

03.02.10 @ 23:28:47
von Jeannette


40% bezurlen keng Steieren!
sinn baal ...

31.01.10 @ 23:06:01
von Pier


Fir wat net, de Lëtzebueger Steierzueler ...

28.01.10 @ 23:23:54
von Steve


den frank an doppen dat geht ...

11.01.10 @ 16:51:25
von max schloeesser


Net auserneen dreiwe loossen????
Ma si ...

08.01.10 @ 12:33:09
von Charles


d'Aaen op oder den Beidel Luxlait ...

19.09.09 @ 16:44:24
von Charel D.


Hmm vlaicht hun d'Organisateuren geduecht : ...

11.09.09 @ 17:33:23
von Charel


Den Här Weber, ee Mann ...

26.08.09 @ 09:28:28
von Toni


Da ist nur nach die Küchenschabe ...

30.06.09 @ 12:38:02
von Ech


Ich bin für Euthanasie bei chronisch ...

09.06.09 @ 10:09:43
von Lea


Ist das wirklich der Luxemburger Aussenminister? ...

17.05.09 @ 21:10:39
von Pupo


Oh freck das ist aber ferm ...

17.05.09 @ 17:37:54
von Muhlen Jean


Un paken geht nëtt duer, och ...

10.05.09 @ 22:09:21
von jolie


Schued, well de Man woar mir ...

07.05.09 @ 22:51:05
von Fernand


De John Castegnaro wor och esou ...

04.05.09 @ 22:14:05
von Jolie


Salut, Vereiner wei d´Caritas (nach aner esouer), ...

22.04.09 @ 10:38:28
von sebastian


Bis elo hun ech nach net ...

18.04.09 @ 15:59:05
von Carlo


EILMELDUNG Nachrichten aus dem Ressort Wirtschaft Liechtenstein/Luxemburg: Höhere ...

18.03.09 @ 08:49:07
von Marc


Mëttelerweil pisst den Här Frieden och ...

15.03.09 @ 23:54:59
von LEO


Hi, Banken sind wie Mumien geworden. Schnell ...

28.02.09 @ 17:08:19
von Pino


Super, Daat Klapt, Merci un de ...

24.02.09 @ 22:50:55
von Joe


Salut,
Finanzkris!!!
All zesummen, Zocker ...

30.01.09 @ 00:48:30
von Jérome


Just ën déel, vum J.C. senge ...

21.01.09 @ 20:56:03
von Jérome


Jo daat doen ass schon richteg ...

13.01.09 @ 14:24:07
von List-Hansen Yvette


D´Asaatzzentren am Land hun d´Weekender besaat ...

09.01.09 @ 18:29:31
von Marc


Also d'Land botzen wier besser wei ...

28.12.08 @ 20:08:20
von Cissonius


Meuterei an der Chamber ? All Respekt ...

17.12.08 @ 20:10:28
von Marc


Typesch fir Lëtzebuerg, Dat do war jo ...

10.12.08 @ 13:39:25
von Joe


Madame " Non " an de ...

09.12.08 @ 18:15:26
von Werner


ECH GIN DE VERDACHT NET LASS, ...

06.12.08 @ 21:04:49
von POLI S


Un de Schoulapparat! Matt denen richtege Leit ...

06.12.08 @ 01:42:52
von Rene


Schlemm wei verschidden Leit esou ...

03.12.08 @ 14:05:32
von Pino


Traureg,

Iwwert d´Stiewhëllef ze schreiwen, ...

03.12.08 @ 10:36:27
von Marc


Moien,

Hëllef JO,
Subventionen bei ...

19.11.08 @ 20:38:25
von Jang S


Kee Wonner, bei +/- 76% Auslänneschen ...

08.11.08 @ 00:12:50
von Remy


Moien, Béi engem klengen Sender, den jo ...

31.10.08 @ 01:35:54
von Sami


Ech huelen un, dat de Fränk ...

24.10.08 @ 20:49:21
von Fantomas


Nee! Kée Staat hätt héi en ...

10.10.08 @ 12:07:45
von Lucien W


Ein klares \" NEIN \". Bei allem ...

08.10.08 @ 09:30:04
von Romain


Ja! Den kleinen Bänker kann mann ...

06.10.08 @ 10:44:04
von Peter W


ALL RESPEKT FIR ÄREN ARTIKEL,

02.10.08 @ 09:39:30
von Pino


De Bommeléeer ass ën ewéi e ...

19.07.08 @ 23:44:34
von Phan tomas


Kalender

März 2010
MoDiMiDoFrSaSo
 << < > >>
1234567
891011121314
15161718192021
22232425262728
293031    

Anzeige

Schlüsselwörter (Tags)

Keine Tags in diesem Blog