http://i71.servimg.com/u/f71/11/71/32/97/th/250px-10.png

Wëllkommen bei den " Lieserbréiwer ongeschminkt "

Schreiben der "Protection civile"
09 Jan 2009 - 11:09:54
Schreiben der "Protection civile"

Léif Kollegen a Kolleginnen.

E Sonndeg den Owend ass ee vun onse Kollegen vun der Brigade volante zu
Stadtbredimus ugehaal well en ze séier duurch d'Uertschaft gefuer ass
wéi e sollt op Réimech d'Ambulanz siche fueren fiir an den Nopeschzenter
(Gréiwemaacher) op eng réa mat samu ze fueren. Hie krut op der Plaatz de
Führerschäin oofgeholl. Wéi en zum Polizist soot " Da loosst méch
wéinstens op mäin Asaatz fueren, ech kommen da moar bei eech op de Büro
" krut e geäntwert (sënngeméiss): "Dir fuert elo an die nächst Zäit
néierens méi !" Onse Kolleg: "A waat geschit mat eisem Patient" ?
Äntwert: "Daat ass mir egal, dat ass äre Problem."

No deem se gut 10 Minutten opgehaal gi woaren (säit der Alerte woaren
schon 20 Minutte vergaang an et woar nach ëmmer keng Ambulanz ënnerwee
op déi urgence) ass dann dem Kolleg seng Frëndin op den Asaatz gefuer
déi awer nët esou vill Routine huet fiir Eildéngscht ze fueren an et ass
iwerflësseg ze soen dass d'Patientin dout woar wie si ukomm sin. Opschon
ech ënner ménger perséinlecher Responsabilitéit scho Kontakt mat engem
ganz nahmhaften Affekot opgeholl hun (-vu dass ech jo meng Fonctioun als
Zenterchef aus Altersgrënn oofgeluecht hun brauch ech op kee méi
Rücksicht ze huelen) wärd juristesch nët ganz vill ze maachen sin well
de Polizist jo no sénge Paragraphen alles richteg gemaat huet waat jo
och keen a Fro stellt, a vun gesondem Mënscheverstand steet näischt am
Code de la route, wärd ech derfiir suurgen, dass daat hei bis an deen
allerleschten Eck vum Land public gemaat gët a wann et muss sin iwer de
Feierkroop, Lëtzebuurg Privat, eng Flut u Leserbréiwer an den Nohl op de
Kapp.

ALL Volontaire soll sech bewosst sin waat eis Ministeren an dee STAAT
fiir den se sech d'Gesondheet ruinéieren, op Privat-Liewen verzichten an
de Réck futti maachen ënner Opwertung vum Volontariat verstin an als
waat en sie ukuckt a behandelt: Nët als Partner déi dem Land en
onbezuelbaren a wertvollen Déngscht leeschten mee sls LESCHTEN DRECK !

Eise Kolleg, deen op Schichte schafft an de Führerschäin onbedéngt
brauch huet sech elo seng jonk EXISTENZ RUINÉIERT an daat ass all Merci
deen en dervun huet. Well ech als "ausgedéngten" Zenterchef nët well
dass nach aaner Kollegen esou schäbeg bäilaafen, well ech se wéinstens
warnen waat sie risquéieren wann se sech fiir aaner Leit asetzen an
dobäi hinnen 1 Mol e faux-pas ënnerleeft, nach nët mol aus Rowdytum oder
schlechtem Wëllen mee einfach nëmmen aus Suerg ëm dee Patient ! Sie
sollen sech gut iwerléen op et daat wert as, well als Merci kréien se
jhust en décke Fouss hannebäi ! Well ech leider nët méi d'e-mail
Adressen vun all Zenterchef hun: Schéckt daat hei jiderengem virun deen
der kennt well et soll all Member sech bewosst sin waat e vun dem Staat
hei ze erwoarden huet.

KETTENHOFEN Paul Remich
Luxi · 948 mal angesehen · 1 Kommentar
Kategorien: Gesondheet

Permanenter Link zum ganzen Eintrag

http://luxi.blogieren.com/Letzebuerg-b1/Schreiben-der-Protection-civile-b1-p15318.htm

Kommentare

Kommentar von: Marc [ Besucher ]
D´Asaatzzentren am Land hun d´Weekender besaat ze sin. Zumol am Wanter! Dess Leit sollen och dofir bezuelt gi.
Fir soss all topeschkeet ass jo Geld do. A plaatz dat de Lux Autosteierrabatt fir Groussfamillje gett, sollen dess Suen un dei Leit goen dei vir eis Gesondheet hier Fraizait opferen.
D´Police huet recht ze sanctionneieren wann e matt 106 kmh durch eng Urtschaft düsst ... Et get awer och ausnamen (Ministeren, besser Leit a.s.w.) ...
Wann d´Police weiderhin esou massiv d´Bongen a kasseiert, si mer engkeier frou wann en Ambulancier ouni Lappen a senger Fraizait fir eis do ass ...

   09.01.09 @ 18:29:31

Einen Kommentar verfassen

Status der neuen Kommentare: Wartend





Ihre URL wird angezeigt.

 
Bitte geben Sie den Code ein, den Sie in den Bildern sehen


Kommentar

Optionen
   (Name, e-Mail und URL als Cookie speichern.)


  

Wer ist online?

Mitglied: 0
Besucher: 3

Letzte Kommentare

Basel, Monaco, Do bass De Protégéiert. ...

02.03.10 @ 23:37:23
von Fantomas


Bald wird sie jeder haben...

28.02.10 @ 16:59:10
von Miriam


Also gëtt aus der Gelle Fra ...

25.02.10 @ 20:26:14
von pier


Tcha, so ist das eben

23.02.10 @ 17:14:53
von Lichmännchen


Ich finde sowas ist einfach krass

20.02.10 @ 13:05:24
von Carolina


also eierlech gesoot bass de selwer ...

19.02.10 @ 14:21:08
von schuler


sou eng CD ass awer flott ...

12.02.10 @ 10:02:56
von pier


So eine CD hätte ich auch ...

11.02.10 @ 14:14:40
von Werner


Liewe Pier, Wousst Du dat net, hei ...

03.02.10 @ 23:28:47
von Jeannette


40% bezurlen keng Steieren!
sinn baal ...

31.01.10 @ 23:06:01
von Pier


Fir wat net, de Lëtzebueger Steierzueler ...

28.01.10 @ 23:23:54
von Steve


den frank an doppen dat geht ...

11.01.10 @ 16:51:25
von max schloeesser


Net auserneen dreiwe loossen????
Ma si ...

08.01.10 @ 12:33:09
von Charles


d'Aaen op oder den Beidel Luxlait ...

19.09.09 @ 16:44:24
von Charel D.


Hmm vlaicht hun d'Organisateuren geduecht : ...

11.09.09 @ 17:33:23
von Charel


Den Här Weber, ee Mann ...

26.08.09 @ 09:28:28
von Toni


Da ist nur nach die Küchenschabe ...

30.06.09 @ 12:38:02
von Ech


Ich bin für Euthanasie bei chronisch ...

09.06.09 @ 10:09:43
von Lea


Ist das wirklich der Luxemburger Aussenminister? ...

17.05.09 @ 21:10:39
von Pupo


Oh freck das ist aber ferm ...

17.05.09 @ 17:37:54
von Muhlen Jean


Un paken geht nëtt duer, och ...

10.05.09 @ 22:09:21
von jolie


Schued, well de Man woar mir ...

07.05.09 @ 22:51:05
von Fernand


De John Castegnaro wor och esou ...

04.05.09 @ 22:14:05
von Jolie


Salut, Vereiner wei d´Caritas (nach aner esouer), ...

22.04.09 @ 10:38:28
von sebastian


Bis elo hun ech nach net ...

18.04.09 @ 15:59:05
von Carlo


EILMELDUNG Nachrichten aus dem Ressort Wirtschaft Liechtenstein/Luxemburg: Höhere ...

18.03.09 @ 08:49:07
von Marc


Mëttelerweil pisst den Här Frieden och ...

15.03.09 @ 23:54:59
von LEO


Hi, Banken sind wie Mumien geworden. Schnell ...

28.02.09 @ 17:08:19
von Pino


Super, Daat Klapt, Merci un de ...

24.02.09 @ 22:50:55
von Joe


Salut,
Finanzkris!!!
All zesummen, Zocker ...

30.01.09 @ 00:48:30
von Jérome


Just ën déel, vum J.C. senge ...

21.01.09 @ 20:56:03
von Jérome


Jo daat doen ass schon richteg ...

13.01.09 @ 14:24:07
von List-Hansen Yvette


D´Asaatzzentren am Land hun d´Weekender besaat ...

09.01.09 @ 18:29:31
von Marc


Also d'Land botzen wier besser wei ...

28.12.08 @ 20:08:20
von Cissonius


Meuterei an der Chamber ? All Respekt ...

17.12.08 @ 20:10:28
von Marc


Typesch fir Lëtzebuerg, Dat do war jo ...

10.12.08 @ 13:39:25
von Joe


Madame " Non " an de ...

09.12.08 @ 18:15:26
von Werner


ECH GIN DE VERDACHT NET LASS, ...

06.12.08 @ 21:04:49
von POLI S


Un de Schoulapparat! Matt denen richtege Leit ...

06.12.08 @ 01:42:52
von Rene


Schlemm wei verschidden Leit esou ...

03.12.08 @ 14:05:32
von Pino


Traureg,

Iwwert d´Stiewhëllef ze schreiwen, ...

03.12.08 @ 10:36:27
von Marc


Moien,

Hëllef JO,
Subventionen bei ...

19.11.08 @ 20:38:25
von Jang S


Kee Wonner, bei +/- 76% Auslänneschen ...

08.11.08 @ 00:12:50
von Remy


Moien, Béi engem klengen Sender, den jo ...

31.10.08 @ 01:35:54
von Sami


Ech huelen un, dat de Fränk ...

24.10.08 @ 20:49:21
von Fantomas


Nee! Kée Staat hätt héi en ...

10.10.08 @ 12:07:45
von Lucien W


Ein klares \" NEIN \". Bei allem ...

08.10.08 @ 09:30:04
von Romain


Ja! Den kleinen Bänker kann mann ...

06.10.08 @ 10:44:04
von Peter W


ALL RESPEKT FIR ÄREN ARTIKEL,

02.10.08 @ 09:39:30
von Pino


De Bommeléeer ass ën ewéi e ...

19.07.08 @ 23:44:34
von Phan tomas


Kalender

März 2010
MoDiMiDoFrSaSo
 << < > >>
1234567
891011121314
15161718192021
22232425262728
293031    

Anzeige

Schlüsselwörter (Tags)

Keine Tags in diesem Blog